FamilyClemen.reismee.nl

2 Woch

6.Daag, Sonndeg, 22 Juli

Haut sin mer all geint 10 opgestaanen, ech waar an den Boutique Brout kaafen an mir hun firum Camper zesummen gies. Sou geint Metten sin mer dann mat Lisette an Arjan ant Touristenduerf bessen wanderen gaangen. Mir hun eis dun ennerwee eng Glace kaaft an nach Luchten fir op den Velo.

Doheem, also beim Camper unkomm huet den Papa beim Antonie an Mara luuchten um Velo ungemaacht an well den Pap vergies haat fir mech en ze kaafen. Sin ech nach engkeier ant Stadt gaangen an hun mir nach een kaaf.

Ech sin dann mam Mara an Antonie schwammen gaangen, well se sech net gescheckt hun sin ech dun mat hinnen rem zereck beit Lisette gaangen wel den pap do soutz kaffie ze drenken.

Den Papa, Antonie an d`Mara op den Strand gaangen.

Geint der owend hun mer dann beschloss dass jiddereen fir sech iessen geet. Mir sin du ant Stadt gaangen an een Mexicaneschen Restaurant. Et waar wirklech gutt.

Den Pap haat: Gambas

Den Antonie haat: Pizza Margharita

D`Mara haat: Pizza Margharita

An ech haat: ChiliConCarne

Um Heemwee sin mer eis nach eng Glace kaafen gaangen an hun dei ennerwee gies. Firum Camper unkomm, sin Lisette an Yvonne mat enger Tut kaaler Fritten laanscht gelaaf an haaten net sou fill loscht fir ze iessen. Owes sin mir dann zesummen ant Kannerdisco gaangen. Yvonne, Lisette an Mara hun gedanzt an den Rendy, Arjan, Pitti, Antonie an ech soutzen no ze kucken. No der Disco sin mer dann nach beit Lisette gaangen an hun Kaffie gedronk. Um 11 auer sin den Antonie ant Mara baal emgefall sou mit waaren si. Mir sin dun an den Camper gaangen an hun eis geluecht.

7.Daag, MĂ©indeg, 23 Juli

11 auer stoungen mir all schon dobaussen . Ech waar Brout kaafen an mir hun eppes gies. Nom iessen sin ech bezuelen gaangen awer Mme. Huet mech net bezuelt well et dem Pap seng Cardidentite an der mam seng Visa an dat huet se net ungeholl. Also sin ech zereck gaangen an du nass de Pap ant Reception gaangen an huet alles gereegelt. Mir hun nach äddi gesoot an dun sin mer gefuer. Ech haat een Camperplaats ausgesiicht zu Fortina.Mir sin dun duercht Stadt La Jonquera do huet et an engem Radius vun 40km Beschbrand, alles wat mer gesinn hun (Besch net Stadt) waar groo.

Zu Fortina unkomm sin mer duerch een Duerf gefuer wou baal keen ze gesinn war. Firum Camperplaats hun mer gesinn dass et just an engem Gaard war woiu Leit gewunnt hun.Dat wollt den Pap awer net. Mir sin wieder gefuer op den Camping den Mam eis ginn haat zu llambilla. Ech hun eis ungemellt an ech sin mam Antonie an Mara eng stonn ant schwemm gaangen. Durno sin ech mam Velo an dat next dierfchen gefuer fir Geld opzehiewen. Am ganzen sin ech 6km gefuer rop an roof. Uuhhhhh

Wou ech zereck waar haat den Pap schon iessen fäerdeg an mir hun gies.

Nom iessen sin ech mam Mara an Antonie spullen gaangen. Ech hun Kaffie gemaacht an hun nach Meng Geschichten geschriwen. Mir soutzen nach bessen dobaussen an hun Kaffie gedronk an nach bessen gespillt. Durno sin mer all ran gaangen an hun nach bessen Fehrnseh gekuckt an sin dun an eist Betti gaangen

8.Daag, DĂ«nsdeg, 24 Juli

Moies um 10 auer sin ech opgestaanen an hun den Kaffie gemaacht .

Zesummen hun mir dann dobaussen Kornflackes gies an hun eis an eis Schwammsaachen geheit. Mir sin baal den ganzen metten geschwomm. Geint 3 auer koum den Pap opt Terasse fum Camping an mir hun zesummen eppes klenges gies. Nom iessen sin den Antonie an ech rem schwammen gaangen an hun eis bis 6 auer domater Amuseiert.

Um 7 auer haat den Pap dann iessen schon faerdeg an zwar: Nuddelen mat Pastachuta zos. Dann ass et rem un eis den Tun Mara an ech gin spullen gaangen an hun nach Kaffie gedronk. Mir hun eis dann nach een Film ungemaacht, Marry Popins. Mir waaren op der halschend fum Film wou et dann gëheescht huet et geet ant Bett. Mir hun den Film ausgemaacht an sin ant Bett gaangen.

9.Daag, Mettwoch, 25 Juli

Halwer 10, Denn Kaffie war schon fäerdeg, Brout schtoung schon um Desch, an den Desch waar schon gedeckt. Ween huet dat alles gemaacht, den gudden Luc. Mir soutzen all um Kaffiesdesch an hun zesummen gies. Den ganzen daag sin mer an der schwemm gewiecht. Mir hun do och kollegen kennen geleiert mat deenen mir den ganzen daag gespillt hun.

Geint 4 Auer koum den Papa och ant schwemm an hien huet sech dann nach 2 stonnen gesonnt. Geint der owend hun mir nach emmer mat hinnen gespillt bis den Pap eis geruff huet. Mir hun Hamburger mat Gromperen an Routrommelszalot gies. Zesuumen gespullt an den Pap huet alles angeraumt. Mir sin duerno mat engem Kollege Raoul bei seng Elteren Tei drenken gaangen an hun do och nach geschnesst, si sin dun ant Bett gaangen an mir hun eis op den Heemwee gemaacht.

Den pap huet eis nach nuecht gesoot an dun lougnen mar och schon schnell am Bett.

Daag 10, Donnesdeg, 26 Juli

Sou mir sin haut frei op, wärend dem moiesiessen hun mer desideiert dass mer geifen fortfueren. Eis Ziel, Platja D Aro um Camping CalaGogo. Mir sin ennerwee nach an een Carrefour ankaafen gefuer. Duerno sin mer um Camping unkomm an et waar een Camping un engem Bierg. Mir haaten eng Plaats ganz ennen, mir waaren zwar no beim Mier awer fir d`schwemm an den Buttek waar et weit rop. Also sin mer als eicht mol ant Mier gaangen . Ech sin mam mara baal eng halew stonn an den Wellen geschwommen. Den Touni haat sech net sou richteg getraut an huet nemmen mat den Feis am Waasser gepiddelt.

Mir haaten hait endlech fir Paanescher ze maachen well mer lo endlech am Carrefour eng Paan kaaf haaten. Mee dun koum die schlecht noriicht dass merk eng Eer haaten L

Dofir hun mer dann Raviolli gies, die awer och gutt geschmaacht hun. Nom iessen hun mer gespullt an hun een Film gekuckt. Wou den Film fäerdeg waar hun mer eis ant Bett geluecht.

Daag 11, Freideg, 27 Juli

10 auer, mir hun eis nom iessen fäerdeg gemaacht fir ant schwemm. Mir sin mam Zichelchen deen vum Strand aus beit schwemm fiert geholl an mir waaren dofir och schnell douewen. Bei der schwemm hun mer eis direkt ant Waasser geheit an hun et genoss. Jiddereen huet seng Saach gemaacht. Den Touni loung just am Waaser, Mara waaran der Babyschwemm amgaangen, den Papa huet sech gesonnt hien huet sech just heiansdo oofgekillt. Ech waar sou bessen hin an hier. Geint der metten sin mer opt Terrasse eppes klegs iessen gaangen an hun eis duerno rem beit schwemm geluecht. NNom schwammen hun mer am Buttek nach EER kaaf fir eis PAANESCHER haut den owend. Rem beim Camper huet den Papa Paanescher gemaacht. An mir hun eis se gutt schmaachen geloos. Rem gespullt an alles am schaaf geraum, hun mer rem een Film gekuckt. Duerno sin mer ant Bett gaangen.

Daag 12, Samsdeg,28 Juli

Haut waar enn ganz gemitterlechen daag mir hun fill gerascht an geschwommen.

Daag 13, Sonndeg 29 Juli

9 auer stougnen mir schon op festland. Mir hun eppes gies an den Camper angeraumt. Mir sin nach opt Tankplaats gefuer an hun den Camper nach enkeier gewäsch an alles gefellt. Lo geet et bei den Fluchhaafen firt Mam sichen ze goen. Mir sin Ronderem dem Fluchhafen gefuer an hun an engem Dierfchen eng baguette kaaf. Op egem Feld nierwend dem Fluchhafen hun mir eppes gies an hun een Film gekuckt. Duerno sin mer op den Fluchhafen gefuer an hun opt Mama gewaart. No laagem waarden hun mer duecht diier Mam gesinn. Mir waaren mega opgereecht, wie Mam aus der diir komm ass sin mer all op si gesprongen. Mir hun eis dun op den Wee gemaacht fir op den Camping El Venado zu Valromanes. Do um Camping ukomm, sin ech ant Reception gaagen an hun eis Angecheckt. Mir hun eis eng Plaats rausgesicht an hun eis installeiert. Mir hun op den scheinen Daag geprosst. Dun war et schon speit an ech hun eis Pouletsfilet mat Ietsen an Muerten an Nuddelen. Nom dem Kinniksmoolzecht hun mer gespullt an hun eis mat Kffie an IceTea op den Desch gesaat an 31 gespillt. Mir hun laang gespillt an bist Mara gewonnen huet. Lo hun sech den Touni ant Mara ant Fazenkescht gemaacht an mir 3 hun nach dobaussen geschnesst. Nom geschness sin mer dann ant Bet gaangen.

Daag 14 MĂ©indeg 30 Juli

Frei aus den Fiederen hun mer den Bus geholl op Barcelona. Veirel op 10 waaren mer do, op der Place de cataluña de mettelpunkt vun der Staadt. Mir hun Billets fir den Bus touristique kaaf. Mir hun dei blo route geholl duerch dei mer beit Sagrada familia rausgeklommen sin. Eng Kiirch sou schein dies de mol net an dengen scheinsten Dreem fenns. Well schlaang baal 1km laang waar (halef ronderem die ganz Kiirch) hun mer beschloss nach engkeier zereck ze kommen fir se vun bannen ze bewonneren. Nächsten halt Camp Nou, (Fussballstadion Barça) firun der besichtegung hun mer nach eppes klenges gies an hun eis dann ant Stadion getraut. Et waar immens schein an iwwerraschend grous. No der besichtegung, däerf den Buttik neet feelen. Den Antonie huet sech een Ball rausgesicht an ech hun den Neien Auswärtstrikot mat CLEMEN hannendrop stoen. Mat den Bus sin mer wieder gefuer bis den Start fun der Route. Mir wollten an den HardRock Cafe eppes drenken goen awer do war bis owes alles reserveiert. Iwwert den Ramblas getreppelt hu mer dann och an enger klengerr niewen Stroos een klengen gemiterlechen Cafe font, wou mer eppes gedronk hun. Den Antonie huet sech an egem Buttek nach een Trikot kaaf. Am Desigual Buttek huet Mara nach een scheinen Rack kritt. Duerno fueren mer weider mar der rouder linn. Wou mer dann och net raus geklommen sin. Mir missten awer bei der Statue vum Columbus rausklammen well mer sos eisen aaneren Bus fir op den Camping net mei geifen kreien. Mir sin dun iwwert den Ramblas rem zereck op Place de Ctaluña gaagnen. Ennerwee hun mir eis eng Glace kaaf an hun eis die gutt schmaachen geloos. Mir hun den Bus kritt an sin richtung Camping gefuer. Mir waaren sou mit dass mer mol baal net mei bis bei den Camper komm sin. Mir hun eppes gedronk an sin dun ant Bett gaagen, do hun mir iwwert den Mega scheinen Daag nach engkeier no geduecht.

Daag 15 DĂ«nsdeg 31 Juli

Um halweer 10 huet Mam eis aus dem Bett geheit hell sie fonnt huet dass mir laang genuch geschloof haaten. Mir haaten beim Kaffiesdesch schon diskutionen, ob mer haut gengen wieder fueren richtung Pals oder hei bleiwen. Mir haaten nom Kaffie op den Camping bei Sandra ungeruff, dun war desisioun einfach well reicht ab donnechtesch plaats war. Also hun mer lues gemaacht an gougen mol spullen an hun eis ungedoen. Mir hun eis op den Wee gemach well den Frigo hogerech war.

Nom shoppen sin den Touni Mara an ech schwammen gaangen an hun eis amuseiert. Pap ant mam hunt Better oofgezunn an hun nach puer Wäschen gemaacht. Duerno asst mam bei eis ant Waaser komm, an den Chefcook huet eis eng lekker Gromperenzalot gemaacht .

Geint 7 hun mer eis versammelt an hun Gromperenzalot mat Engem Wupp gies oder zwee......

Bauch voll, fäerdeg gespullt sint Mam an ech opt Terrasse vun dem Camping gaangen fir endlech eis Geschichten ze schreiwen.

Reacties

Reacties

opa en oma

Hoi Luc, leuke onderschriften bij de foto's en ook nog in het Nederlands. De verhalen zijn voor ons wat moeilijk te lezen, maar dat horen we vast wel als jullie weer thuis zijn. Dikke kus voor allemaal. Hier in Ernzen gaat alles tiptop

Memé

Ohhhh!!!!Endlech mool röm eppes fir ze liesen an ze schmunzelen...Merci Luc
Wönschen iech nach gaaanz schéin Deeg mateneen
DK Memé

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!