FamilyClemen.reismee.nl

4.Daag

Geint 10 auer sin die aaner opgestaan an den Harold an ech waaren mam Alec och schon rem an mir hun eppes gies. Ech waar schon bei den Mr. Vun den Kanoen bezuelen an hien huet mir een Kontrakt gin, deen hun ech och ennerschriwen. Voila mir sin sou weit no een puer Erklärungen vun dem Chef konnten mir dann och schon lass leeën also sou no 1km hun mir bei engem Camping gestopt well den Antonie sou agscht haat. Do hun mir den Harold ungeruf dass hien den Anton sichen soll kommen. Sou no 30min. war den Harold do an mir konnten wieder fueren. Ongefeier bei enger Breck sin den Papa ant Ans an Mara mat foller vitesse een 1m heigen Fiels rop gerannt an wout Ans wollt rausklammen ass den ganze Kano opt Kopp gekippt. Hhh

Op der halschent hun mer dann eng Paus gemaacht, an hun eppes gies an bessen geschwommen, eii dat war gudd. Sou lo geet et erem lass, Ans an Pitti sin nach puer mol gefall an sin awer emmer rem rop komm. Si nennen sech een „Super Team' well se allen zwee net schnell wessen wou riets an lenks ass hun se mat hierer eegener Theorie ungefaangen. Also wann Ans riets soot an den Pitti dann riets gefuer ass huet Ans geruff „nee dat aanert riets'.

Also Alec an ech konnten hier Theorie net verstoen mee an mengen Aan sin se gudd eens gin. No 13km an 5stonnen (normalerweis brauchen Amateuren -+3stonnen ) sin mer dann hannert dem Mettelalterduerf Pontaix unkomm.

Do goufen mer dann ofgeholl vun dem Kanoclub, die eis dann op den Camping bruecht huet. Um 5 auer waaren mer dann och rem um Camping, nom Kleederwiessel sin mer dann op den Camping iessen gaangen (Snackbar). Net grad appentitlësch me egal mir haaten eisen Honger gestëllt. Ei lo kennen mer mol rem ant Bett goen.

Nuecht!

Reacties

Reacties

Memé

Daat waar secher een löschtegen Daag!!!

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!