FamilyClemen.reismee.nl

Frankreich LUX

11.04.12

Haut geet et fréi eraus, Geschtärkt fueren mir géit 10 auer fort um Camping Couspeau. Eis eicht Ziel war den Maart den mar dann och zu Die, engem glengen schéinen Alpen Diefchen font härrlech. Ech hätt kéinten mir den Maart (deen zwar kleng war) een ganzen daag duech trëppelen. Mir hun eis vun alles do kaaf. Am Camper unkomm hun mer dann ee gudd stëck Baguette gies an sin wieder gefuer. Mam hätt gäer gehaat mir sollen duercht Alpen fueren, also hun mer dat och gemacht. Et war prachtvoll, mir sin op méi wéi 1100 m gefuer. Iwwer all um Bierg sin mer rëm gestoppt fir Fotoen ze maachen. Ganz uewen Sin mer duerch den Schnéin gefuer, dat muss een sech fierstellen an der Ouschtervakans 5cm héich Schnéi. Ohh lo geet et leider schon erem rof, mee et ass prachtvoll. An engem klengen Dierfchen hatten mer et genuch de Pap war ganz Dätsch vun duerch Alpen fueren. Mir hun eise en Camping gesicht wou mer dann och ganz schnell hingefuer sin. Camping Ulèzes, mir sin do. Nom instaléieren hun dan Tun, Mara an ech eis Golfschléier geléint an hun Mini-Golf gespillt. Mam an de Pap hun sech opt Terrase gesaat an hun eng Taas Kaffie gedronk. Beim Camper hun mer, déi op dem Maart kaaften MagisGomme`s puer Biller gemoolt. Géint 6 sin mer dann mat der Mam Ping-Pong an nach eng kéier Mini-Golf spille gaangen. Wéi mer rem op der Plaatz waren huet et ungefaang mat Rénen an sin an de Camper geklomm. Wou de Pap eis alt rëm een 5 Stären Menu gekacht huet.

Wein-Saucisse mat Purée an Bounen. No enger gudder Moolzecht hun mer nach gespullt den Tun ant Mara hun nach gespillt an de Pap huet den Camper gebotzt. Nach een waarmen Käffchen oder waarmer Mëlech. Hun mer dan schlußendlech den Pyjama ungedoen, an eis ant Fatzekëscht geluecht an geschloof.

12.04.12

Camping Ulèzes, mir sin wakerech een nom aaneren ant Dusch an hëpp geet et rëm wieder.

Mir sin am Marques Avenue unkomm een Outlet Duerf kann een sou soen. Do hun mir eis den Amper voll kaaf.

Fir mech Schong, Levi`s Boksen, Lacoste T-shirt, an Schwammboks.

Den Tun Puma-Ferrarischong, Schwammboks, short an T-shirt vun Lacoste.

De Pap Lacoste T-shit, eng Levi`s - Desigualboks.

Mara: Desigual Haremboks, Puma Balerinaen, Puma Strëmmp, BarbieMaillot.

No engem schéinen Shoppingdaag sin mer dan nach 2 stonnen fueren bis op den Camping. Unkomm hun mer dann fun engem gesoot kritt dass deen zou waar. Ech sin dann nach mam Pap an de Lidl gaang. Op deem aneren Camping (Camping Ripettes) hun mer et eis gemitterlech gemacht. Ech hun mam Pap Faux-fillets mat gebroden Grommperen gemacht an fir déi kleng IKEA-Balletjes gekacht. Nach een Cacao Kaffie, bëssen setzen , spullen an dann geet et fir déi zwee ant Bett. Duerno sin mir och gaang.

Reacties

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!