FamilyClemen.reismee.nl

Vun Italien an Frankreich

08.04.12

Ouschtersondeg um 9 auer stin mer op. Mar engem gekachten Ee an frëscht Brout gett gies. Als Kado haten mir firt Carolien een Ferero Rocher Ouschteree kaaf deen mer dann no laangem gesouers vum Antonie et endlech gies hun. Mir hun aal erem gemacht op dat mer loscht haaten. Ech hat dun nach no engem Camping gesicht. Mir haaten gemengt mir hätten nach genuch ze iessen fir owes. Me wou ech kachen wollt haaten mer baal néicht.

Den Ouschtermenu: Hamburger mat Nuddelen. Also no dem „klein aber fein' Menu hun mer den Pyjama ungedoen an sin ant Bett gaang well muer geet et fréi raus.

09.04.12

8 auer, ech sin Brout sichen gaang an well mer geschter schon alles angroumt hun ass lo schon alles färdech. No engem erem gudden Kaffiesdësch geet et wieder. Lo an Frankreich an der géigent vun Montelimar op de Camping „Couspeau'. No 8 stonnen fueren sin mer do, et waar eng wonnerschéin Fahrt. Eis Angecheckt an mir sin ant Schwemm gaang an de Pap huet alles rausgeraumt. No engem halwen Daag faulenzen hun mer gudd Kniddelen gies. Nach zesummen Yazy gespillt an dun war et och schon rem 10 auer.

10.04.12

Eigentlech wollten mer haut op de Maart goen mee mir waren ze spéit. Egal mir sin awer ant Stadt gaangen an sin op eng Krokodillen Farm gaangen. Mega cool!!!!!!!!!!!!!

No dem Sin mar an de Boutique gaangen an hun eppes gies.

Um 4 auer sin mer an eng Nougat Fabrique an Musée gaangen. Do huet de Pap sech Doheem gefillt. Op dem Heemwee huet et zwar gereent me wéi mer unkomm waaren huet et fir eng halw stonn opgehaalen. Durno missten mir awer ran goen. De Pap huet eis Tagiatelle mat Saumon gekacht waat herrlech waar. Mir hun dun nach bis 10 auer Fehrnseh gekuckt sin dun all schloofen gaangen.

Reacties

Reacties

wiebe

Ik heb geprobeerd om iets van dat taaltje te begrijpen, maar in dit geval gaat zelfs Frans mij beter af.
Groetjes vanuit Castelsagrat en nog ver een hele fijne, rustige reis gezenst.
Wiebe

Memé

Hun schons op déen neien Réesbericht gewaart(grins)Hun mat dem Numm Montelimar direckt un den Nougat geduecht(hmm)Kann mir virstellen dass d' Nougatsfabrique dem Pitti gefall huet(grins)
Kuss Memé

wiebe

Ik gebruik een laptop van Inek, waarop een andere keyboard verdeling, vandaar die "typfouten", sorry;
Bonne soiree.

Monique

Halli, hallo.
Jo mir sinn elo an der Bretagne.
Herrlech.
Mee är Menuen sinn mega coul. Wann ët nët esou weit wev wir, géif ech mech usetzen kommen;-)
Mir gesinn elo auy eisem Zemmer op den Hafen, wou Sonn eis eran blenkt an wakreg gemacht huet. Decke Knuffel, och vum Ineke

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!