FamilyClemen.reismee.nl

Genua LUX

05.04.12

Halwer 9, alt erem ass eng Nuecht eriwer. Frësch geduscht, gutt Gies get et erem lass. Dest eier musen mer nemmen zwou Stonne fueren. Mie sin zu Genua unkomm, wonnerschéin Staadt richteg Italienesch. Bëschtemmt eng Stonn sin mer duech Genua gefuer bis mer et op ginn hun. Mir wären zwar gären duecht zentrum getreppelt,mee néierens an der groußer Staadt eng Parkplaatz. Also sin mer op den Camping Bella Vista gefuer ongeféier 1an1/2 Stonn fun Genua wäsch. Mir sin duech zësch Dierfer gefuer wou iwwerall Zären mat Blummen dran waren. Nach kuerz an den Familia (Butek) fir de Frigo ze fëllen an wieder. Sou um Camping, well se amgaang waren ze schaffen un der Entrée sin mer hannen erem gefuer.

Mmd. Huet eise e Plang gin, mee bis mir mol eng Plaatz fonnt hun......... Sou schlußendlech sin mer dan op der gréißten Plaatz vum Camping geland................ Ei gut plaatz. Den Tun, Mara an ech hun Still an den Dësch eraus gesaat, an hun mol een gut Glas Jus gedronk. Den Tunchen ant Mara hun wéi emmer bësse gespillt, wärenddeems Carolien an de Pitti nach gemitterlech do soutzen.Eise „Chefcook on board' huet eis erem eppes herrleches zenammen gemaacht. Panggasius(Fësch) mat Grommperen mat Zalot. Als Déssert, Tiramisu, Pana Cotta oder Fan. De Bauch voll Spull gemaacht, de Réscht Kraaft nach bei enger Ronn Fußball verluer. Duerno ass et firt Mara an den Tun ant Bett gaang, si hun nach een Film gekuckt wärenddeems mir eis nach bëssi gesaat hun.

Bis de Sandman och bei eis passéiert ass......pssssst.

Gutt nuecht!!!!!!!

Reacties

Reacties

Memé

Ma dann sidd dir jo schons wäit gefuer.Wönschen iech dann mol schéint Wieder an eng super Campingplaatz wou dir dann könnt bleiwen"Wer suchet...der findet"
Kuss Memé

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!