FamilyClemen.reismee.nl

Italië

01.04.12

No engem schéinen Week-end mat der famill an Holland, sëtzen mir dann Sondeg gemitterlech um Kaffiesdëch mat Opa an Oma. Frëch geduscht fueren mir dann schlußendlech géint 12 auer zu Leerdam fort. Bei Venlo nach vollgetankt, Brout kaaft woumat ech dann ënnerwee eppes fir zë iessen gemacht hun. Entlech no 5 an eng halefstonn fueren sin mir dann um halwer 6 unkomm zu Kandel op engem naja bësen vernoleisechten Bauerenhaff. Camper geparkt, Jacke tun an mol kucken wat do alles sou lass ass. Een Ouschtermaart den leider schon eriwer war, më hannert dem Stall war een „Biergarten' wou mer eppes gedrock, een Schnitzel giess an ebëssen gespillt hun. No dem laangen an Uschtrengen dem Daag sin mir an de Camper gaangen wou mer dun eisen Pjyama ungedo hun an eis bei de Fernseh geluecht hun, an nach Winnie the Pooh gekuckt hun.

Um halwer 10 war et am Camper rouesch.

02.04.12

8 auer de Camper ass wackeresch een nom aaneren doen mir eis un. Géint 9 sëtzen mir alt erem um Kaffiesdësch an hun eis erem gestärkt fir opt Rëss eist Ziel haut Italien. 10 auer ungeschtrëckt sëtzen mir all erem op eisen Plaatzen richtung Schweiz. Mir maachen eng kleng Paus op der léschter Tankstell an Déitschland Bad Bellingen wou mer eise e bréitschen an natiirlech dat wichtegst en Vignette kaaf hun. No der Paus geet et erem wieder, leider haaten mir d´Ausfahrt fum Gotthard Tunnel verpasst wou mer gären duerch wollten fueren dun sin mer allt no laagem gekéiers duerch den Tunnel San Bernadino gefuer sin. Nom Tunnel geet et permannent Bierg oof . Bis mer erem op gewinnt heicht leien. Entlech mir hun Italien aereescht an sin nemmen nach eng véirelstonn dann sinn mer do. Unkomm op dem Camping, eischte blëck naja geet. Op der Plaatz hun ech de Stroum ungeschloß an Still eraus gesaat.Entlech d´iessen ass färdech.No engem gudden Teller Pastasciuta sin Carolien, Antonie an Mara spullen gaangen an ech an de Pap duschen. All am Pyjamma soutzen mer dobaussen wou et ungefaang huet ze réenen, sou den Daag war dofir sougutt wéi gelaaf. Nach ee Film an mir louchen erem all Flaach.

.03.04.12

Halwer aacht, Mam kann net méi schloofen also stoen mir op. Den Tun an ech sin mam Velo duecht Duerf gerannt an hunn eis lecker Brout kaaf. Nodeems mer unkomm sin haaten Mara an Carolien schon den Dësch gedeckt. Wéi emmer nom Kaffiesdësch sëtzen mer , dir kennt et beschtëmmt schon rooden am Camper op der Autobunn. Vun Lavena Ponte Tresa op Mailand(Milano). Halwer 10, an enger halwerstonn sin mer do, mir wollten den Stadion vun AC Milano&Inter Milano kucken goen. Mier sin do, een Riesecht gebei also kann een sech net viirstellen. Déi 2 Equippen deenlen sech een Stadion, sin awer 2 ganz ennerschidlech Equippen. Et waar schéin mol ze kucken wéi sou een stadion ausgeséit. Vum Ausgesinn hier....... soen ech leiwer neicht. No der besichtegung sin mer zereck an de Camper gaangen wou mer eis dann eng Schmier gemaacht hun. 3 mool sin mer duerch déi ganz Staadt gefuer eier mer entlech ee Stëck fonnt hun wou de pap konnt stoppen dass Carolien an ech eis mol kennten informeieren. Mir haaten eng Kaart an engem Klengen Souveniers Buttek kaaf an wollten dun nees zereck an de Camper goen..... mir koumen war net laanscht de Glacestand, hun eis dun eng mat geholl. Well merk eng Plaatz mei fonnt hun fir ze Parken sin mer all top déi Camperplaatz gefuer wou mer wollten iwwernuechten. Awer op engem Paking niewend der haaptstrooß wollt keen vun eis schloofen. An deem Duerf war awer zum Glëck een Buttek wou mer de Frigo voll konnten Tanken. Allé hep op de Camping deen eise Navigon eis unginn huet, Autobunn erem zereck beit Staadt. Sou entlech unkomm um Camping angecheckt opt Plaatz an rou fir de Pitti ant Carolien, ech sin mam Tun an Mara besse spille gaang bis ech dun eppes fir eis gekaacht hun. Lekker... Tortellini mat Weißer Zooß. Nom Iessen sin den Tun, Mara an carolien spullen gaangen an hunn duerno hiere Pyjamma ungedoen. Mir hun eis nach besse gesaat an sin dun ocant Bett gaangen.

Reacties

Reacties

papa en mama

Lieverds,
We snappen t n beetje, maar nederlands is toch makkelijker. Houden van jullie!

Memé

Hun lo mool den ganzen Bericht vum Luc gelies.Daat hues Du super gemaach!!Ech wées zwar nöt op daat lo richteg ass dass ech hei schreiwen,an op dir mäin"Kommentar"liesen könnt?Mée op jiddefall wönschen ech iech gaaaanz schéin Deeg.DK Memé

Liset

Ik wacht maar ff op de hollandse versie, ben te moe om dit te ontcijferen.
Ik hou van jullie, veel plezier!!!

risette

veel plezier en een mooie vakantie in Italie

Marianne Hiddema

Wat geweldig om nu lekker op vakantie te kunnen gaan met jullie gezin. De taal maakt het wat lastiger te volgen maar ziet er prima uit daar bij jullie!

Geniet er lekker verder.

Lieve groet Marianne ook van Peter-Jack

Sandra Clemen

Daat hueste awer super geschriwen Luc,wei sou en richtegen Reporter,....:-)) wenschen nach weider schein vakanz,....an sin schon op dei nächst spannend Berichter vun dir gepaant,..kusss,....Sandra an co.

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!