FamilyClemen.reismee.nl

LUX Portugal/Spunien 15-08-2011 / 21-08-2011

Méindeg bleiwen mir anch eng Daag zu Coimbrao. Mir wäschen nach e bessi dat bleiwt net aus! Dann gin mir nach schwammen, hat ech versprach L . d'Wieder ass awer net inmens Haut. Owes gin mir nach eng Tas Kaffi drénken, oder eng Glace, mir bezuelen a kafen nach eng Glas Gebéis, wat Madame selwer gemaach huet.

Dënsdeg de 16. Fueren mir gemittlech fort. Haut steet d'Klouschter vun Alcobaça op de Programm. Vir d'éischt drönken mir gudd Kaffi op e Terras an schmaachen lokale Herrlechkeeten! Derno klappen mir sàmtlech Boutékken a fannen nach e puer flott Souveniren. Am Klouschter kafen mir Tickets fir 2 Erwuessener, 2 Amiperas a 4 Kanner, an engems huelen mir e Prospekt mat. De Luc féiert eis duerch d'Klouschter, hien hat sech bei d'Oma scho gudd virbereed! Dann fueren mir op Nazaré, eng Fëschersduerf. Et ass net so einfach 2 Parkplazen ze fannen, et kascht dem Opa soguer eng Luecht vum Camper, mir stellen de Camper nobei de Hafen an trëppelen an Duerf eran. Mir trëppelen eng Kéier iwwert de Maart, mais stellen schon schnell fest dat hei alles méi deier ass wéi zu Chaves op de Maart. Also sin mir schnell ferdeg a gin 1 drénken. An dem Café gin esou ganz kleng Schleecken verkaft fir ze iessen an dat mussen Oma a Pitti schmaachen..... An dann schmaacht d'Mara och, well et dofir 1€ krit vum Oma, déi aner verzichten léiwer op d'Geld.

Em Strand gesinn ir wéi d'Fësch gedressent gin an och do get geschmaach, sie sténken derno dat et e Genoss ass! Antonie a Mara fuerenmat d'Autoen, Niki an Luc sprangen Trampoline an dann geet et weider... Opa an Pitti dréinen em well sie hun e bessere Plaz fir de Camper gesinn. Sie setzen de Campers em a kommen eis dann no. An der Zäit kréien d'Mara an d'Niki e schéine Trëts an d'Hoer gemaach. Owes gin mir iessen, mais dat war alt so eppes... Kanner an d'Betti an nach e bessi relaxen virum Camper an dann sin mir frou wann mir leien!

Mettwoch de 17. Geet et wieder, haut gin mir op Fatima, ech si so gespaant! Ennewee fueren mir laangscht Batalha, och hei steet en fantastesch Klouschter, dat mir natiirlech net leien loossen. An esou wie zu Alcobaça,féiert de Luc eis erem duerch d'Klouschter. Mir hun Chance well d'Garde bei d'Graf vun der Unbekannte Soldot get grad gewieselt. Fir eisen Tunnche sinn dat spannend Saachen, esou uniforméiert Männer! Wann mir ferdeg sin, fueren mir op Fatima, no e bessi siichen fannen mir e Parkplaz, irgendwou an e Bësch... Fatima selwer huet mech e bessi entauscht, d'Gebäilegkeeten sinn nähmlech näischt Extra's. An d'Kapell wou den Engel déi drei Kanner erschéngen ass, hat ech schon op Internet gesinn. A méi war et net... déi wahnsenneg nei grouss Kirch ass mir kal virkomm an huet eisem Luc och net gefall. Mir geheien nach alleguer e Käerz an d'Feier an gin dann an d'Toeristenbutték: De Luc an ech gin Owes zeréck fir d'Rousekranzgebiet an d'Liichterprëzessioun. Dat war herrlech, so schéin! Em 11 Auer gin mir zeréck, Opa an Oma kommen eis entgéint well et so däischter ass. Mir setzen nach e bessi an gin dann flaach!

Donnesdeg de 18. August. De Luc an d'Niki gin Bréi derche siichen an no de Kaffi fueren mir fort. Haut landen mir zu Gafanha da Boa Hora, en Camperplaz em Mier an mat en Aquapark. De Pitti geet mat de Kanner schwammen an ech raumen a wäschen alt erem e bessi. Mir setzen gemittlech bis owes Dobaussen, Muer fueren mir op Santiago de Compostella.

Freideg , 19. August: Alles eidel wat eidel muss sinn a alles voll wat voll muss sinn.... A fort si mir! Zu Caminha begéinen mir Belsch Leit, déi sie scho begéint sinn an Spunien. Sie gin eis d'Iddi fir mat de Fair eriwwer ze fueren op A Guarda. Dat ass dann e Transfert vun Portugal an Spunien. Mir stellen eis an d'Rei a fueren als éischt op de Boot. Dat hei mecht richteg Spass! Zu Santiago fannen mir relatif schnell eng Camperplaz bei d'Uni. Et ass awer schon owes spéit an mir décidéieren eréischt Muer an d'Stad ze goen.

Samsdeg den 20. August trëppelen mir op Santiago de Compostella. De Plaz virun der Kathedral leit voll mat Pilger, déi hir Rees gepackt hun. De Kathedral ass voller Leit, ganz impressionant! Mir trëppelen duerch d'Gaazen an gin nach op de Bureau kucken wou d'Leit hire Zertifikat kréien. Antonie a Mara kréien e Bengel, so wie sech dat gehéiert do an 'Pilgerland'. Wann mir erem bei de Camper sinn ass et déck waarm, mir décidéieren wieder ze fueren bei d'Mier, esou dat d'Kanner nach e besse schwammen kënnen. Opa an Oma hu wëlles no ze kommen. Dat get en Reess vir nie méi ze vergiessen... mir fannen näischt a touren iwwer de Halfinsel ronderem, mussen e puer Mol dréien well eise Camper ze grouss ass, fueren iwwer Sandweëer, setzen matte an e Rudermatch a landen schliessendlech zu Cabanas. Mir si freckt! Opa an Oma bleiwen zu Ares, mir gin schwammen an derno nach een drénken an eppes iessen bei Yellow. Nuets kréien ech net vill ze schlofen, hannenun eis ass e Disco bis déck an d'Nuecht eran.

Sonndeg den 21. August: Wann mir wackreg sinn, maachen mir eis ferdeg a fueren richtung Léon. Mir wëllen Haut e gudd Stéck fueren richtung Frankreich. Mir stoppen an de RiojaGéigend, laangscht de Jakobswee. Duerf heescht „Navarrete'. Muer fueren mir richtung Toulouse an dann kënnen mir eis et gemittlech maachen fir Heem....

Reacties

Reacties

anke

en nu in het nederlands, love you

papa en mama

Goede reis, doe voorzichtig en we zijn het met Anke eens: Nu nog de Nederlandse vertaling. Kus

Memé

Oh wat een super Bericht a wat dir"Alles"gesidd an erliewt.Liesen et mat Freed an réesen a Gedanken ömmer mat(grins)Decken Kuss fir iech All

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!