FamilyClemen.reismee.nl

LUX Portugal 07-08-2011 / 14-08-2011

LUX Portugal 07-08-2011 t/m 14-08-2011

D'Niki an ech klammen em 11.30 Auer an de Fliger. Et ass emmer spannend bis de Fliger roueg an der Luecht hänkt!
+/- 13.30 Auer (portugiesischer Zäit) landen mir zu Porto. Mir kucken sat mir schnell eis Valisen kréien an dann schnell richtung Ausgank wou d'Kanner, de Pitti an opa an oma op eis waarden: Wéi scchéin fir ze all erem ze gesinn!

Mir fueren op e Camping jhust ennen porto zu Villa Nova de Gaia. Fir d'éischt get mol gudd geschnësst! Owes trëppelen mir laangscht d'Mier an drénken e Tas Kaffi op e Terras! Glace fir d'Kanner get net vergiess!

Méindeg den 8. August fueren mir bei d'Rosa. Am Duerf mussen mir nach e schmuele Wee fueren fir bei hirt Haus ze kommen. Ech si richteg stolz op de Pitti wann ech gesinn ewéi gudd hien dat mecht!

Eise Willem get net eens mat dem Rosa seng 3 Muppen an muss dofir leider alleng an de Camper oder an der Garage bleiwen. A mir setzen gemittlech bei d'Rosa, de José, d'Debora, de Roderigo an d'Helena an de José.

Mir gi richteg verwinnt, därfen nët hëllefen an sie weisen eis vun allem! Mir gin e Mettes op Chaves, fueren do mam Zigelche ronderem, owes gin mir an dem José seng Duerf iessen, wou och nach e klenge Zirkus mam Zauberer ass. Eisen Tunnche muss de Zauberer soguer nach hëllefen goen!

Zum Schluss gin mir nach op de Maart op Chaves an dann soen mir awer mat schwéierem Häerzen 'Äddi'! a Muito Obrigado!
Et ass Mettwoch, mir stellen de GPS op Barreiro an, wëssen dat mir dat net packen, mais mir kucken einfach bis wohin mir kommen....

Mir sichen e Camping mat Piscine fir d'Kanner a fannen een zu Espinho. Nodems mir eis ageschriwwen hun (dauert emmerhin eng hallef Ston) därfen mir eis e Plaz siichen goen... awer ouni Erfolleg! De ganze Camping steet voll! So zeréck an d'Rezeptioun an do hun déi Madame dat mol gudd gesot, dat si jo kee Saachen, vill Zäit verluer fir näischt! Derno ass et mir besser an mir fueren op de Camperplaz zu Espinho Do ass jhust e grousse Parking bei d'Mier, dann hun mir awer e Problem:Toilet ass voll, mir hu kee Waasser méi a mir mussen werklech duschen! Also iessen an drénken mir eppes an klammen erem an de Camper Déi nächste Camperplaz ass déck an der Rei! Toilet eidel, Waasser getankt, geduscht an dann setzen mir eis nach e bessi dobaussen. Wann mir jhust an d'Bett leien, héieren ech dat et reent, awer ne top eis Daach.. Dat do ass komesch, dat muss ech kucken goen. Do ass e Netzanlag ugaange, jhust do wou mir soutzen, haten mir Chance dat mir schlofen gaange sinn! Soss waren mir nach 1x Kéier geduscht gin!

Donnesdegmoies fueren mir no de Kaffi weider bei d'Rita op Barreiro. Rita steet mat der ganze Famill op eis ze waarden. Mara get vu jiddereen gekusst an geknuddelt. Hat léist sech alles gefalen an siicht Schütz beim Luc wann et hiem zevill get. Säi Bopa ass esou frou d'Mara eindlech ze gesinn! All mat all war et zimlech emotionel! Owes iessen mir all zesummen Poulet mat Chipsen. Derno trëppelen mir, eng Tata, 2 Cousines, Rita, Luc, Niki, Mara an ech nach an e Geschäftszentrum, well dem Mara säi Bopa wëll hiem Kleeder kafen.
Wann mir erem kommen sinn de Pitti, den David (Rita's Frënd) an den Antonie verschwonnen.... Anscheinend setzen sie bei e Monni Doheem, portugiesisch Drëppen ze schmaachen.... Aus Secherheetsgrënn loossen mir de Pitti op dat niedregste Bett am Camper schlofen.
Déi aner Moien soen mir de Bopa 'Äddi' a fueren mat en Tata an d'Rita op de Kierfecht. Mir kafen blo, plastics Blummen, en Engelche an e Käerz fir op d'Graf vun Mara's Pappa. Tata freet de Mann nach Coll fir alles op d'Graf un ze peschen.... De Kierfescht ass enorm grouss an voller Farwen (plastics Blummen). Mara bröngt dat ganzt gudd ronn, mais et ass en aparte, emotionelle Erfahrung.. Mir sinn trotzdem frou dat mir dës Schratt gemaach hun!

Weider geet d'Rees richtung Lissabon. Mir stoppen bei dem Ikea, kafen en Fiederbett an e Plateau (kann een emmer gebrauchen!) Mir iessen nach do an dann geet et wieder op Figuiera da Foz, wou mir Opa an Oma eremgesinn. D'Mier ass esou wëll, d'Wellen sinn esou héich, dat mir jhust mat de Féiss eragin. Owes trëppelen mir duerch d'Zentrum an drénken Kaffi op e Terras. Derno wann d'Kanner leien gin mir eriwwer bei Opa an Oma, wou mir de Rescht vun eis Rees plangen. Mir hun nämlech décidéiert zesummen Heem ze fueren. An doduerch brauchen mir lo net op Faro ze fueren a loossen d'Algarve dann firwat et ass dës Joer. Am Plaz dovun steet elo Santiago de Compostella op d'Programm.

Samsdemoies raummen mir alles zesummen, gin op e Terras Kaffi drénken a fueren richtung Coimbrao. Hei stin mir lo op e Camping vun Däits Leit, mat Däits Regelen... Awer alles tiptop geregelt, propper an e Schwemm! Fir d'éischt get awer lo mol gewäsch, well dat ass néideg

An dann hun mir schon erem Sonndeg, mir sinn eng Woch ënnewee, hun awer et Gefill wie wann dat schon vill méi laang ass. Vill erliewt, vill gesinn, waarden mir gespannt op dat wat nach kënnt! Herrlech Vakanz!

Reacties

Reacties

Memé

Merci villmols Carolien dass Du dir d'Mée gemaach hues alles nach eng Kéer op letzebuergesch ze schreiwen!Ass awer mée einfach fir d'Letzebuerger ze liesen(grins)
Nach weiderhin schéin Vakanz an ömmer gudd Faahrt. DK fir iech All

{{ reactie.poster_name }}

Reageer

Laat een reactie achter!

De volgende fout is opgetreden
  • {{ error }}
{{ reactieForm.errorMessage }}
Je reactie is opgeslagen!